|
De Wollef war beim Kinnek, D'Fra Gormang war eleng, De Fuuss geet an hir Wunnecht A fënnt doheem hir Kleng.
Wéi ass et dann, dir Krotten? Sot Renert, wéi e koum, Wou ass dann iere Vueder, Wou ass séng uersche Moum?
Du spréngt aus engem Wénkel Hir Mamm op Renert lass: De Fiissche musst entsprangen, Si huet sech nogeflass.
|
Om ale Schlass zu Schibreg Do wutscht en duerch e Schaart, Si no - du blouf se steechen: Du laacht de Renert haart.
De Schallek mécht eng Kéier, Kënnt hannebäi erëm: Do deet en ër nach Schmot un A laacht aus heller Stëmm.
A wéi en dat gestiicht hat, Du mécht en sech an d'Schlënner, Op d'Festonk no Malpaartes, Bei d'Fra a bei d'Gesënner.
Michel Rodange, Renert, aus dem III. Gesang
|