"Typisch" Max Goergen
Liesung am Kader vun der ‚Max-Goergen-Biennal’ aus „Eng Ucht“
Dest Joer droen d’ Kiischpelter Klautercher, Iech nees een Ausschnet aus "Eng Ucht", èngem Wierk vum Max Goergen fir. Den Max Goergen hot sain Liewensowend hei am Kiischpelt verbruecht an zwar zu Wëlwerwolz an dem heitigen Sproochenhaus. Iwer den Max Goergen géif et bestëmmt ganz vill ze soen mé well d’Zait knapp ass wëllen mir eis op e puer wesentlich Saachen beschränken.
Bei dem Max Goergen séngen Texter an Theaterstécker fällen èngem zwou wichtig Karakteristiken op.
1. den personifizéierten Doud
An villen vun séngen bekannten Wierker trött den Doud personifizéiert an ènger bestömmter Gestalt op.
Bei den ‚Drei Kraizer’ een Freilichtspektakel waat virun gudd 50 Joer zu Aischer opgefeéiert gouf ass den berühmten Senseman oder d’Skelett mat der Séissel. Hei haat hien d’Pest an d’Land bruecht mat als Konsequenz villen Doudeger.
Beim ‚Wölle Groof’ een anert Freiliechtspektakel waat an der selwigter Zäit zu Wëlwerwolz opgefourt gouf war et den Ukléeger.
Dann ‚ den Pierrot’ do war et den Doud an der Gestalt vum Pantomim deen èngem jonken Meedchen den Doud broucht hot.
Am Stéck ’den Amerikaner’ wou mir d’lest Joer een Ausschnëtt draus gelies haaten, war et d’Mam déi ouni et ze wëssen hiren eegenen Jong mat der Axt erschloen haat.
An schliesslich daat Stéck ‚ ‚Eng Ucht’ wou mir Iech Haut den Owend een Auschnett draus liesen do kennt den Doud an der Gestalt vun èngem Friemen a wou no deem séngem Besuch eng aal Fraa enges natierlichen Doud stierwt.
2. séng Sprooch
Do fällt bessonnesch déi Genauigkeet an den Beschreiwungen op, siew daat d’Bühnenbeschreiwungen oder d’Beschreiwungen vun den Personagen oder awer déi vill aal letzebuerger Ausdréck an Wieder.
Déi zwee Haaptpersonagen aus der Ucht beschreiwt hien sou:
D'ME'HM GRITT. An de Siwenzecher. E sche'nt gewuessent Fromensch, dat d'Johren dach e bössche kleng krit hun. Schne'weisst Hoer. Sie huet eng gezängten Hauf, e schwoarz a gro kare'erte Kaseweck an e schwoarze Rack un.
DE FRIEMEN (als der Do'd): am donkelgroe Gezei, dat we' eng Uniform uleit. E niddrege Kolli mat brêde weisse Läppe vir. Eng ronn pelze Käp. Kèng Hoer. D'Oe leien de'f am Kapp. En tröttstramm a gewierweg op we' e Schandar.
den Bühnendekor beschreiwt hien esou:
Eng al Bauerestuff. Uewen erdurch schwe'er êchen Dunnen, an der Mött hänkt e Känki mat Schirm erof. Drönner stêt e plachegen êchen Dösch (me'no riechts) mat enger Bänk uni Reck derhannert. En etlech Still. Vir riechts sötzt d'Gro'si op der Siddel, derniewent stêt Spannerâd. Hir zo' Fe'ss spillen d’Kandskanner. Lenks eng sche' verschaffte Kasto'tenauer, eng Tâk an e Mauerschâf aus echtem Nösser mat gezirkelte Linjen; e renge Kolonnenuewen mat engem Oarbel klenggeschnidde getèsselt Bicheklöppelen op der Seit. Am Fong eng Dîr. Un der Mauer e puer geleckte foarweg Hellegebiller, en etlech plätzereg Portrien mat schwe'erfällege Rummen. 'T geseit ên op den e'schte Bleck, daß ên net bei engem richteweche Gromperebaierchen ass.
'T ass no Allerse'len, töschent Dâg a Nuecht.
Der M’hm Gréit hir Kandskanner hätten gären daat Gro’si hinnen soll d’Geschicht vun der Prinzessin aus dem Spackeldoarschlass erzielen. Well d’Gro’si awer léiwer bieden wëll kommen vun den Kanner Froen iwer den Himmel, iwer d’Stierwen
An iwer den Kierfecht bis op emol den Piri seet:
„ Gro’si, kuck! Do steet e Mann an der Dir!“
E göfteggringt, blatzeggielt, jeitzegtmovent a blozegt Gelichts lêft durchnên. De' kleng Stuff ass vill me' gross gin. D' Mauere si verrekelt an 't geseit ên se net me'. An dém onhémleche Lichteschein kann ê nömme me' den Dösch, d' Still an den Uewen önnerschéden. Vun alle Seite kommen d' oarme Se'len zur Ucht erbei. Se sangen de Refrain "Schön ist die Jugend". De' mêscht hun als Kennzêche gewe'hnlech dât, wo'runner s'am Liewen dermêscht gehângen hun oder wént dém s’am Duerf bekannt woren. Weider Enzelhéte si vir am Perso'neregöschter opgeziehlt. Wann neischt Besonnesches ernimt ass, hun d'Froleit e Spannerad, en Hâspel oder eng Streckhues. Un der Spötzt marsche'ert de Bannpre'ter. Hannendrun d'Bärendsen mam Struppes. De'aner komme vun alle Seiten
Déi aarem Séilen setzen sech elo gruppenwais beienen, déi eng spillen mat der Kaart, déi aaner klaatschen et get nach gesongen an zum Schluss ginn d’arem Séilen mam Friemen hirer Wee an d’M’hm Gréit ass doud.
|